Kultur
De Kinnek vun der Sitar
Deen indesche Meeschter vun der Sitar Ravi Shankar ass den 11. Dezember 2012 am Alter vun 92 Joer gestuerwen. Grond fir haut un den Ausnamemuseker a Papp vun der Sängerin Norah Jones ze erënneren ass, datt hien de 7. Abrëll 1920 gebuer gouf, haut also 100 Joer kritt hätt. De Ravi Shankar huet eng Abberzuel westlech Museker, wéi ënner anerem d'Beatles an d'Rolling Stones, beaflosst. No sengem Doud gouf an Indie gesot, datt d'Land mam Ravi Shankar e weltwäiten Ambassadeur vum kulturellen Ierwe vun Indie verluer hätt. De Ravi Shankar, dee vum verstuerwene Violonist Yehudi Menuhin eemol als Mozart vun der Sitar genannt gouf, huet déi klassesch indesch Musek quasi op der ganzer Welt populariséiert. E Portrait vum Jean Claude Majerus.