Kultur
Seriekritik: Unorthodox
D'Esty, e jüddescht Meedche wiisst an enger fundamentaler orthodoxer Gemeinschaft zu New York op. Hir Existenz ass dem Gebot vun de Chassiden ënnerworf. Sou gëtt si iwwer e Matchmaker als Teenager mam Yanky Shapiro bestuet a soll mat him Kanner kréien. Alles Saachen, déi d'Esti ni a Fro gestallt huet, hatt ass jo mat der Virstellung opgewuess, datt hir Communautéit d'Aufgab huet déi Millioune Judden, déi am Holocaust gestuerwe sinn, erëm op d'Welt ze sëtzen. Bis d'Esty ouni Koffer, just mat e puer Su an der Täsch, d'Saache selwer an d'Hand hellt a flücht. Net iergendwou hin, mee op Berlin. Den Epizentrum vun der Juddeverfolgung gëtt hire Refuge. D'Lara Bousch iwwer déi nei Serie: "Ultraorthodox"