Panorama
Panorama
Et wier net de Moment mat de Mesuren opzehalen, esou de Premier Xavier Bettel (DP) an d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert (LSAP) um Freideg nom Regierungsrot
Bilan Lëtzebuerg: 31 Doudesfäll (+1), 2.612 positiv Tester, 232 Hospitalisatiounen, 43 Patienten op der Intensivstatioun, dovun 10 aus Frankräich), 174 Leit konnte Spidol nees verloossen, eng 500 Leit gëllen als geheelt
Regierungsrot decidéiert weider Mesuren an der Kris, dorënner eng Suspensioun vum Delai fir Baugeneemegungen
Police seet si géif um Weekend nees geziilt Kontrolle maachen ob d'Leit d'Restriktioune respektéieren
Deplacementer mam Auto bis bei de Bësch fir enger Fräizäitaktivitéit nozekomme sinn erlaabt, seet d'Spriecherin vum Ministère fir bannescht Sécherheet
Vun haut un kënne kléng a mëttelgrouss Betriber an Independante finanziell Avancë vu bis zu 500.000 Euro ufroen
Inflatiounstaux ass am Mäerz staark gefall (vun 1,7% op 0,9%)
EU wëll méi enk zesummeschaffen, fir Leit, déi am Ausland festsetzen, ze rapatriéieren
Iwwert Dausend Betriber, déi e Prêt bei der Spuerkeess hunn, hu wéinst der Corona-Krise e Moratoire vu 6 Méint op hire Kredit gefrot
Brittesche Premier Boris Johnson weider a Quarantaine well hie nach Fiewer huet
Grouss provisoresch Klinik zu London ageweit mat enger Capacitéit vu 4.000 Better
Zuel vun Doudesfäll a Groussbritannien op 3.500 geklommen
Franséisch Police kontrolléiert méi staark fir ze verhënneren, datt vill Leit de Weekend an eng "Vakanz" wéilte reesen
Leschten Dag vum Jeremy Corbyn als Chef vu gréisster brittescher Oppositiounspartei Labour