arrow_back_ios
Kultur
3.000 Joer a 24 Stonnen erzielt
Vum 3. Abrëll un, a bis zum Enn vum Confinement, presentéiert de Casino Lëtzebuerg op senger Facebook-Säit all Freideg eng 24 Stonne Video-Performance vum franséische Kënschtlerduo Fabien Giraud a Raphaël Siboni. D'Wierk kritt doduerch en neit Liewen. Et war zanter Februar am Institut d'art contemporain de Villeurbanne ausgestallt ginn, mee och do sinn natierlech elo d'Dieren zou. D'Kerstin Thalau ass vum Kevin Muhlen, dem Direkter vum Casino, méi zum Film "The Everted Capital 1971-4936" gewuer ginn.