Panorama
Panorama
D'Generaliste kënnen am Kader vun der Reorganisatioun vum Gesondheetssystem wärend der Corona-Kris ufroen, fir op dräi verschidde Linnen ze schaffen
Eng 6.000 Betriber mussen eng nei Demande fir Kuerzaarbecht bei der ADEM areechen, well déi viregt net komplett oder feelerhaft war
Den Hongerstreik am Prisong zu Schraasseg ass bal eriwwer, nëmmen nach eng Persoun ass am Streik, huet awer schonn ugekënnegt opzehalen, seet de Prisongsdirekter Serge Legil
D'Europäesch Unioun ass den Ament an engem Stresstest. Dat sot den EU-Kommissär Nicolas Schmit de Moien op eiser Antenn
An Däitschland weisen déi streng Moossname vun der Regierung esou lues Wierkung. Dem Robert Koch Institut no géif zanter e puer Deeg eng infizéiert Persoun den neie Coronavirus an der Moyenne nëmmen nach un eng weider Persoun viruginn
A Frankräich wäerten dëst Joer keng Premièresexame sinn. D'Schüler ginn un hirer Leeschtung wärend dem Schouljoer evaluéiert