Kultur
Aus 100,7 maach 10'000,700 - Géi mam Floss
Et heescht "Raum kann am Kapp wuessen". A wéi e gewuess ass, beim éischten "Aus 100,7 maach 10'000,700"-Exercice. Do hat d'Kerstin Thalau Kleng a Grouss dobaussen dozou opgefuerdert, d'Ae fest zouzemaachen, se mat engem Foulard ze verbannen oder e Sonnebrëll unzedinn a sech virzestellen, an engem däischtere Raum op engem Kannapee ze setzen. Um Enn hat sech déi kleng Stuff an e Living vun engem Schlass verwandelt. An do maache mir haut weider: haalt Iech iergendwéi d'Aen zou, d'Kerstin guidéiert Iech aus der Stuff eraus.