Invité:e vum Dag
Nicolas Schmit
"Jiddweree fir sech" - sou hu vill Leit d'Europäesch Unioun bis elo an der Corona-Kris erlieft. Wou bleift d'Solidaritéit?
Amplaz sech géigesäiteg ze hëllefen, hu vill Länner fir d'éischt emol Grenzen zougemaach. D'Europäesch Kommissioun hat de Länner recommandéiert, dat net ze maachen.
Misst Bréissel hei net méi duerchgräifen? Wat kann d'Kommissioun maachen, fir datt d'Länner méi op si lauschteren? Stécht d'EU an enger existenzieller Kris? Dat freet d'Danièle Weber de Lëtzebuerger EU-Kommissär fir Soziales a fir den Emploi Nicolas Schmit.