arrow_back_ios
Kultur
Esch 2022
"Fusion" heescht de Projet, deen de Raymond Reuter an de Claude Frisoni fir Esch 2022 eragereecht hunn. De Projet ass elo refuséiert ginn. Et wier net just de Refus, mee d'Argumentatioun an d'Manéier, wéi d'Ekipp vun Esch 2022 dëse Projet ofgeleent huet, déi déi zwee Kënschtler schockéiert. D'Valerija Berdi huet mam Raymond Reuter a Claude Frisoni geschwat an och eng Reaktioun vun der Nancy Braun, der Directrice vun Esch 2022 kritt.