Panorama
Panorama
2.319 confirméiert Infektiounsfäll an 29 Stierffäll, dat ass de leschte Bilan vun der Santé zu der Coronavirus-Epidemie hei am Land
Eréischt de 4. Mee sollen d'Schoulen a Betreiungsstrukturen hei am Land nees opgoen, deelt den Educatiounsministère mat
D'Patientevertriedung fuerdert, datt d'Regierung all Awunner am Land Otemschutzmasken zoukomme léisst
Am Centre pénitentiare zu Schraasseg sinn den Ament 20 Prisonéier am Hongerstreik, well si wéinst der Coronavirus-Pandemie wëlle méi fréi entlooss oder eng Paus vun hirer Strof accordéiert kréien
Lëtzebuerg hëlt haut véier weider Intensiv-Patienten aus dem Grand Est op
Den Tennis-Tournoi vu Wimbledon ass annuléiert
328 Privatpersounen, a ronn zwou Dosen Associatiounen an Institutiounen hätten en Avis zum Nationalen Energie- a Klimaplang eragereecht. Dat sot eis d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg
De Museker Tun Tonnar gouf och am Appellsprozess ronderëm säi Lidd "Féck Lëtzebuerg" fräigesprach