arrow_back_ios
Kultur
100. Gebuertsdag vum japaneschen Acteur Toshiro Mifune
16 Mol huet de japaneschen Acteur Toshiro Mifune, deem säin 100. Gebuertsdag haut ass, mam Cineast Akira Kurosawa zesummegeschafft. Et ginn Nimm, déi gehéieren einfach zesummen: John Ford a John Wayne, Martin Scorsese a Robert de Niro an dann och Akira Kurosawa an Toshiro Mifune. De japaneschen Acteur, dee wéi keen aneren dat westlecht Bild vum Samurai oder Ronin gepräägt huet, koum 1920 zu Tsingtau a China op d'Welt. D'Martine Reuter mat engem Portrait.