Kultur
Aus 100,7 maach 10'000,700
Mir versichen den Ament, vill stimulant Beschäftegunge fir Iech ze fannen, fir Ärem Confinement-Alldag e wéineg Faarf ze ginn. Mee trotzallem si mir all e wéineg agespaart. D'Kiche gëtt net duerch originell Rezepter, d'Turnmatt net duerch effikass Fitness-Exercicë méi grouss. Raum kann awer am Kapp wuessen.
Dowéinst lancéiert d'Kerstin Thalau d'Phantasie-Übung "Aus 100,7 maach 10'000,700", an zwar fir all Alter. Maacht Är Ae fest zou, ditt en däischtere Sonnebrëll un oder wéckelt Iech e Foulard iwwer d'Aen a scho kann et lassgoen!