arrow_back_ios
Kultur
Trotz Corona, kee Fridden am Paschtoueschgaart
Virun 130 Joer ass den hollännesche Moler Vincent van Gogh zu Auvers-sur-Oise gestuerwen. De Matbegrënner vun der moderner Molerei war eréischt 37 Joer al, huet 900 Peinturen an 1.100 Zeechnungen hannerlooss; hien hat net vill verkaf. Säin Neveu, de Fils vum Konschthändler Theo van Gogh, huet 1960 d'Vincent-van-Gogh-Fondatioun gegrënnt an 1973 ass zu Amsterdam de Vincent van Gogh Musée opgaangen. Aus deem sinn 2002 op eng spektakulär Manéier zwee Van-Gogh-Tableaue geklaut ginn. An doriwwer schwätze mir mam Kerstin Thalau.