arrow_back_ios
Kultur
Bazillen als héich ästheetesch Objeten an der Konscht
De 24. Mäerz war de Weltdag vun der Tuberkulos. Dat ass hei warscheinlech un deene meeschte laanschtgaangen. D'Kerstin Thalau huet sech awer an deem Zesummenhang drun erënnert, datt déi plastesch Kënschtlerin Flora Mar sech an hirer Konscht kontinuéierlech mat de Bazille vun dëser dacks déidlecher Krankheet beschäftegt. D'Kerstin Thalau wollt also gewuer ginn, op dës Aart Konschttherapie der Flora Mar elo duerch dës Zäit hëllefe kann.