Panorama
Panorama
D'Regierung bidd allen Dokteren a anere Professioneller aus dem Gesondheetssecteur, déi hir Praxen wéinst dem neie Corona-Virus mussen zou loosen e Contrat à durée déterminée fir zwee Méint
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet net ausgeschloss, datt d'Nopeschlänner hiert Gesondheets-Personal kéinte requisitionéieren
A Frankräich géifen elo am Ganzen 21.000 Covid-19 Patienten a Spideeler behandelt ginn, 5.100 Patienten wieren op der Intensiv-Statioun, sou Agence France Presse
Déi italienesch Regierung huet virsiichteg Hoffnung ausgedréckt op eng Verbesserung vun der Situatioun, well manner nei Infektioune bei den Tester géife gemellt ginn
A Spuenien sinn déi leschten Nuecht verschäerfte Reegele vun der Ausgangsspär a Kraaft getrueden
An den USA soll den Arees-Verbuet fir Europäer verlängert ginn, sou de President Donald Trump
Weltbank warnt virum finanziellen Impakt vun der Pandemie am Raum Asien-Pazifik
De geplangte Lëtzebuerger Äerdobservatiouns-Satellit fir d'Arméi wäert enger Schätzung vu PWC no 350 Milliounen Euro plus TVA kaschten, méi wéi duebel souvill, wéi Mëtt 2018 an engem Gesetz gestëmmt gi war