Kultur
"Wanderlust"
D'Joy an den Alan si glécklech bestuet, hunn dräi mëttlerweil bal erwuesse Kanner a liewen zu New Hampshire. Hien ass Schoulmeeschter, si Psychologin fir Koppelen.
Mee d'Joy an den Alan hu keng Loscht méi op Sex mateneen. Iergendwéi wëllt et einfach net klappen. Vläicht huet den Accident jo domadder ze dinn, wou d'Joy beim Vëlo fuere vun engem Auto ugestouss gouf a sech hire Coxis gebrach huet. Hiren Dokter awer gëtt gréng Luucht. Si däerf sech erëm normal beweegen an och Sex wier kee Problem.
An da geschitt et, datt déi zwee Haaptprotagoniste sech relativ zäitgläich mat anere Mënschen an der Intimitéit fannen. Domadder geet d'Koppel och éierlech ëm. Par konter eenege si sech dorobber, sech net ze trennen. Och wa si kee Sex méi matenee wëllen, si si awer nach frou mateneen a gären an hirer Bezéiung. Si decidéieren also, datt et ok ass, Sex mat anere Leit ze hunn.