Panorama
Panorama
An den Alters- a Fleegeheemer zu Lëtzebuerg wiere 35 Bewunner a ronn 20 Mataarbechter mam Coronavirus infizéiert (Stand: leschte Samschdeg), sou de President vun der COPAS, Marc Fischbach, de Moien op eiser Antenn
Bilan vun Doudesfäll wéinst Covid-19 zu Lëtzebuerg ass op 21 geklommen, sou déi lescht Zuele vu gëschter Owend
De STATEC huet eng éischt Aschätzung gemaach vum ekonomeschen Impakt vun der Pandemie
Nei Reegelen (an neie Formulaire) fir de Congé pour raisons familiales unzefroen
A Frankräich goufe weider Covid-19 Patienten aus der Regioun Grand-Est evakuéiert, fir d'Klinicken do ze entlaaschten
US President Donald Trump sot, wann et net méi wéi 100.000 Doudeger an den USA gëtt, wier eng gutt Aarbecht geleescht ginn, d'Restriktioune gi bis 30. Abrëll verlängert
A Groussbritannie seet de medezinesche Gesondheetskommittee, et kéint bis zu sechs Méint laang daueren, bis d'Situatioun sech géif normaliséieren
A Bayern gouf et bei de kommunale Stéchwalen e Muechtwiessel an op d'mannst zwou grousse Stied (CSU wënnt zu Nürnberg, SPD wënnt zu Ingolstad)