Panorama
Panorama
8 min
D'Zuel vun de confirméierten Infektiounsfäll mam neie Coronavirus op der ganzer Welt ass op iwwer 600.000 geklommen.
Spuenien sinn an de leschte 24 Stonnen 832 Persoune gestuerwen, dat ass en neie Rekord fir d'Land, dat no Italien déi meeschten Doudesaffer duerch d'Corona-Pandemie huet, nämlech 5.690.
Riets- a lénksextrem Gruppéierungen notzen déi aktuell Angscht an Onsécherheeten, fir Verschwierungstheorien a falsch Informatiounen ze verbreeden, wéi een domat sollt ëmgoen, erkläert d'Direktesch vu respect.lu, Karin Weyer.
Am Grand-Est a Frankräich gouf elo ugefaange Patiente mat Militärhelikopteren an Däitschland ze fléien.
D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen fäert am Kontext vun der Coronakris em den Zesummenhalt vun der Europäescher Unioun.
An den USA ass gëschter den Joseph Lowery gestuerwen. Hie war eng vun deene wichtegste Figuren un der Säit vum Martin Luther King, an der Biergerrechtsbeweegung an den USA an de 50er Joren.