Kultur
Kee konnt den "R" esou rulle wéi de Pir Kremer
Fir Generatioune vu Leit hei zu Lëtzebuerg war et e feste Rendez-vous um Sonndeg Owend, wann et geheescht huet "Um Staminee" vun a mam Pir Kremer, dem Michel, wéi hie sech genannt huet, dem Frënd Meyer der Tata Sidonie oder dem Emelie. De Pir Kremer ass e Stéck Lëtzebuerger Geschicht, an hien huet wéi kaum en anere fäerdeg bruecht, mat enger satirescher Konnotatioun an engem ganz fäinen an ni blessante Witz d'Aktualitéit ënner d'Lupp ze huelen.
De Kréimesch Pir war e joviale Mënsch, mee virun allem awer e Satiriker an Humorist mat Häerz a Witz. E war ni béis a huet net beleidegt, wuel gepickt, an dohier och säi Kierzel, de PIK, mat deem hien och jorelaang fir d'Lëtzebuerger Revue geschriwwen huet.
De Pir Kremer huet mat senger markanter Stëmm Lëtzebuerger Radio- a Kulturgeschicht geschriwwen. Wann een de Pir Kremer an engem Spréchelche géif beschreiwen, da wär et deen: "Et kann een och eppes laachendes Monds soen, an dann ass et och gesot."
De Pir Kremer huet d'Fangeren an d'Wonn geluecht, awer ni ënner der Ceinture. Säin Auteurskolleeg Pol Pütz huet de Pir Kremer an engem Gedicht esou beschriwwen:
'T gët keen, dee Kréimesch Pir nët kennt.
Hien as e liewegt Monument.
Hien huet gepikt a repikéiert,
De Geck gemach, mee ni blesséiert.
Virun allem huet de Pir geschriwwen
Hien as dobei bescheide bliwwen.
Hien as nach haut dee Käercher Jong
Mam steiwe Buedem un de Schong
Den 28. Mäerz 2020 ass et op den Dag 20 Joer hier, datt de Pir Kremer am Alter vu 80 Joer gestuerwen ass.
De Jean Claude Majerus denkt mat engem Touncollage un den Pir Kremer zeréck.
Episoden
![Yoann (Festival de la BD Contern) | © Nicolas Calmes Francofon BD-Gréisst Yoann schwätzt iwwer de Franquin | © Nicolas Calmes](/1_Foto/100komma7.lu/192555/image-thumb__192555__base_thumbnail/Yoann%20Festival%20de%20la%20BD.222a654f.jpg)
Francofon BD-Gréisst Yoann schwätzt iwwer de Franquin
Am Interview um 30. BD-Festival zu Conter
Déi nei Filmer dës Woch
Den Iwwerbléck vun der Programmatioun
![“Terrasses” vum Laurent Gaudé](/1_Foto/100komma7.lu/192204/image-thumb__192204__base_thumbnail/%E2%80%9CTerrasses%E2%80%9D%20vum%20Laurent%20Gaud%C3%A9.713f2d66.jpg)
“Terrasses” vum Laurent Gaudé
Eng Erzielung, déi sech empathesch gëtt, a Wierklechkeet awer eidel a wéineg inspiréiert ass.
![Kulturagenda vun der Woch](/1_Foto/100komma7.lu/141899/image-thumb__141899__base_thumbnail/Kulturagenda.fa42aa6a.jpg)
Kulturagenda vun der Woch
D'Kulturevenmenter vun der Woch
![Serge Tonnar | © Chris Zeien Am Gespréich mam Serge Tonnar | © Chris Zeien](/1_Foto/100komma7.lu/192201/image-thumb__192201__base_thumbnail/Serge%20Tonnar%20Studio.708464a5.jpg)
Am Gespréich mam Serge Tonnar
De Lëtzebuerger Museker stellt ënner anerem seng nei Single "Viva" vir.
![Joël Egloff - Ces féroces soldats](/1_Foto/100komma7.lu/191949/image-thumb__191949__base_thumbnail/Jo%C3%ABl%20Egloff%20%20Ces%20f%C3%A9roces%20soldats.be1f572f.jpg)
Joël Egloff - Ces féroces soldats
A sengem neie Roman verléisst de franséische Schrëftsteller seng gewéinlech fiktional Prosa an erzielt hei d’Geschicht vu sengen Elteren.
![Nei Ausstellungen am CNA souwéi an der Méckenheck](/1_Foto/100komma7.lu/191940/image-thumb__191940__base_thumbnail/Kay%20Walkowiak%20Traces%20of%20Time.44fc2396.jpg)
Nei Ausstellungen am CNA souwéi an der Méckenheck
"Traces of Time" vum éisträichesche Kënschtler Kai Walkowiak am CNA/Pomhouse an eng kollektiv Ausstellung an der Méckenheck zu Bierchem
![Blues'n' Jazz Rallye](/1_Foto/100komma7.lu/191952/image-thumb__191952__base_thumbnail/Blues%20%27n%27%20Jazz%20Rallye.4eaf48de.jpg)
Blues'n' Jazz Rallye
De Michel Leruth, Booker fir d'Evenement vun dësem Samschdeg, bei deem 40 Bands a Museker optrieden, gëtt Detailer.
![Eve Guerra - Rapatriement](/1_Foto/100komma7.lu/191955/image-thumb__191955__base_thumbnail/Eva%20Guerra.6f5b52da.jpg)
Eve Guerra - Rapatriement
Déi franko-kongoleesesch Schrëftstellerin schwätzt iwwer hir Literatur.
![Blues‘n' Jazz Rallye dëse Samschdeg am Pafendall, Clausen a Gronn.](/1_Foto/100komma7.lu/191952/image-thumb__191952__base_thumbnail/Blues%20%27n%27%20Jazz%20Rallye.4eaf48de.jpg)
Blues‘n' Jazz Rallye dëse Samschdeg am Pafendall, Clausen a Gronn.
De Michel Leruth, Booker fir d'Evenement vun dësem Samschdeg, bei deem 40 Bands a Museker optrieden, gëtt Detailer.
!["Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski](/1_Foto/100komma7.lu/191964/image-thumb__191964__base_thumbnail/Corps%20au%20bout%20du%20monde.6041ddb9.jpg)
"Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski
Déi zwou Schauspillerinnen iwwer hiert Stéck, dat den Ament am Château de Saint-Chamand zu Avignon opgeféiert gëtt.
![Nei Saison an nei Direktioun am CAPE](/1_Foto/100komma7.lu/191961/image-thumb__191961__base_thumbnail/CAPE%20Saison%202024.d250e1eb.jpg)
Nei Saison an nei Direktioun am CAPE
Am Centre des arts pluriels zu Ettelbréck gëtt et eng nei Spëtzt: d’Ana Maria Tzekov, déi virdrun an der Philharmonie am Beräich Museksvermëttlung geschafft huet, huet d’Direktioun vum Carl Adalsteinsson iwwerholl.
!["Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski](/1_Foto/100komma7.lu/191964/image-thumb__191964__base_thumbnail/Corps%20au%20bout%20du%20monde.6041ddb9.jpg)
"Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski
Déi zwou Schauspillerinnen iwwer hiert Stéck, dat den Ament am Château de Saint-Chamand zu Avignon opgeféiert gëtt.
![Jenny Erpenbeck - "Kairos"](/1_Foto/100komma7.lu/191982/image-thumb__191982__base_thumbnail/Jenny%20Erpenbeck%20Kairos.5c3f3027.jpg)
Jenny Erpenbeck - "Kairos"
Laureatin vum International Booker Prize 2024
![Filmkritik: "Sons"](/1_Foto/100komma7.lu/191967/image-thumb__191967__base_thumbnail/Sons.a64c0c7e.jpg)
Filmkritik: "Sons"
D'Ekipp vum Grousse Kino hat dësen dänesche Prisongsthriller de leschte Samschdeg beschwat.
![Kulturagenda vun der Woch](/1_Foto/100komma7.lu/141899/image-thumb__141899__base_thumbnail/Kulturagenda.fa42aa6a.jpg)
Kulturagenda vun der Woch
Vu Liesungen bis Karaoke
"Kéis"
Wou kënnt dat Wuert hier?
![Samuel Hamen Samuel Hamen a säi Servais-Präis](/1_Foto/100komma7.lu/174775/image-thumb__174775__base_thumbnail/Samuel%20Hamen.c09f21e5.jpg)
Samuel Hamen a säi Servais-Präis
Zeremoniell Iwwerreechung vum Servais-Präis un de Samuel Hamen am Nationale Literaturarchiv
![Queere Storytelling an der Escher Bibliothéik](/1_Foto/100komma7.lu/191970/image-thumb__191970__base_thumbnail/Se%CC%81raphine%20Mirage%203.d375528a.jpg)
Queere Storytelling an der Escher Bibliothéik
D’Séraphine Mirage liest Shakespeare; den Tom Hecker kommentéiert säi rezente Face-à-face mam ADR Deputéierten Tom Weidig
![Banal a wéineg couragéiert Medienanalys](/1_Foto/100komma7.lu/101992/image-thumb__101992__base_thumbnail/Michel%20Delage.bf945c64.jpg)