Panorama
Panorama
11 min
An engem Wunn- a Fleegeheem zu Bartreng si 15 eeler Leit mam Coronavirus infizéiert, eng Awunnerin ass virgëschter un der Covid-19 Krankheet gestuerwen, dës Nouvelle vu reporter.lu huet d'Wort haut confirméiert
Dementi vun den Uni-Klinicken vu Stroossbuerg, et géif net stëmmen, datt Covid-19 Patiente vun iwwer 80 Joer elng op Grond vun hirem Alter net méi reaniméiert ginn
Nei Online-Plattform fir Teleconsultatiounen tëschent Patienten an Dokteren zanter gëschter Online
Keen Akkord vun EU-Staaten iwwer weider Mesurë fir déi ekonomesch Kris ze iwwerwannen, Italien huet méi gefuerdert, d'Scholdeninstrument Corona-Bonds stéisst awer op Resistenz
USA hu China iwwerholl an hunn elo déi meescht nei Fäll vu Coronavirus-Infizéierten (85.500)
A China ass d'Zuel vu sougenannten "importéierte" Fäll mam Coronavirus nees geklommen