Kultur
D'Mamm vun alle Soap-Operaen "Lindenstrasse" seet Äddi
6 min
Den 8. Dezember 1985 goung et lass, deen Dag gouf op der ARD déi éischt Episod vun der "Lindenstrasse" diffuséiert, a vun do un huet dës Strooss mat hire Geschichte ronderëm d'Famill Beimer a CO. zu der däitscher Televisiounslandschaft gehéiert, an et ass och net vermessen ze soen: d'"Lindenstrasse" ass d'Mamm vun allem Soap-Operaen. An dëse Sonndeg den Owend um 10 bis 7 mat der 1.758 Episod vu "Lindenstrasse" ass et dann eriwwer, "Auf Wiedersehn" ass den Titel vun där Episod, mee en Erëmgesi gëtt et net. D'ARD huet decidéiert d'"Lindenstrasse" no 35 Joer ofzesetzen, an e Sonndeg ass dann de Schlusspunkt. De Jean Claude Majerus kuckt zeréck.