Kultur
De Performance-Artist a seng Topografie vum Zoufall
5 min
D'Toskana steet bei deene meeschte fir eng schéi Landschaft, fir Piniebëscher a fir Chianti-Wäin. Fir Konschtfrënn dergéint steet dës mëttel-italienesch Regioun awer och fir e Skulpturegaart mat monumentalen Assemblagen, dee wuel eemoleg op der Welt ass. Rieds geet vum Skulpturegaart zu Seggiano, net wäit vu Grosseto ewech, e Gaart, deen op enger Iddi vum Kënschtler Daniel Spoerri baséiert. De gebiertege Rumän an adoptéierte Schwäizer Artist Daniel Spoerri feiert haut op den Dag säin 90. Gebuertsdag. De Jean Claude Majerus mam Portrait vum aussergewéinleche Kënschtler.