Kultur
CNL goes youtube
5 min
Den nationale Literaturarchiv zu Miersch fir ze lauschteren ... de CNL ass momentan wéi diéi meescht aner Betriber zou fir de Public, an déi meescht Mataarbechter schaffen vun doheem aus.
Well de CNL all seng Liesungen a Manifestatiounen huet missen ofsoen, ass och zu Miersch kreativ iwwerluecht ginn, an de Literaturarchiv huet elo en eegenen Youtube-Channel, op deem an enger éischter Phas Literatur fir Kanner ze lauschteren ass, dono soll awer och Literatur fir all Alter esou online ugebuede ginn.
D'Zil ass net nëmmen deenen, déi mussen doheem bleiwen en Divertissement ze schafen an e Moment vu Rou an der hektescher Krisenzäit, mee och fir souwuel Schrëftsteller, Editeuren a Bicherbutteker eng Méiglechkeet ze bidden an dëser fir si gréisstendeels finanziell schwiereger Zäit e klengt Akommes ze hunn. D'Nathalie Bender huet mam Claude Conter, dem Direkter vum Literaturarchiv, geschwat.