Kultur
De populärste Tatort-Kommissär kritt 60 Joer
Den Axel Prahl gouf als Kommissär Thiel am Tatort-Münster a ganz Däitschland bekannt. Dernieft ass hien och Museker. Hien ass e Museker mat Leif a Séil, en Acteur mat vill Charakter an aktuell de populäersten Tatort-Kommissär an Däitschland. Den Axel Prahl ass e Schauspiller mat allen Ecken a Kanten, hie spillt wéi e Mann aus dem Vollek an dofir ass hien esou beléift. Déi eng mengen, e kéim aus dem Osten, fir anerer ass hien en Typ aus dem Ruhrpott. Richteg ass, datt den Axel Prahl aus dem héijen Norde kënnt, hien ass e Mënsch vum Mier. Haut kritt hie 60 Joer, mécht awer net vill Gedäisch ëm säi ronne Gebuertsdag. De Jean Claude Majerus gratuléiert awer ganz heemlech.