Trotz der Corona-Kris wier d'Ambiance am Altersheem zu Miersch dem Direkter no "immens gutt": Jiddweree géif un engem Strang zéie fir dofir ze suergen, datt kee vun de Bewunner krank gëtt an een de Virus sou wäit wéi méiglech géif fort halen, esou de René Wirth am 100,7-Interview.
Am Home pour personnes âgées St. Joseph zu Miersch wunnen de Moment 120 Persounen am Alter tëschent 70 an 101 Joer.
Detailer vum Serge Kesseler.