Kultur
De Kidnapping vun der Mona Lisa
5 min
Op der Homepage vum Fonds culturel national, also op www.focuna.lu, ass virun enger Woch eng nei Rubrik bäikomm. Si nennt sech "Répertoire de la culture à domicile!" Et handelt sech ëm eng Plattform, iwwer déi op kulturell Initiativen higewise gëtt, déi bei Iech heemkommen. Illustréiert gëtt d'Rubrik duerch eng Mona Lisa mat Gesiichtsmask, wat esou vill bedeit wéi "e Maulkuerf fir d'Konscht". D'Kerstin Thalau huet nogesicht, firwat d'Mona Lisa, oder éischter "La Joconde", eigentlech d'Symbol fir Konscht am Allgemengen ass.