Kultur
D'Stëmm vu Supertramp kritt 70 Joer
Ville vun Iech wäert den Numm Roger Hodgson net alt ze vill soen. Dofir taaschte mer eis lues erun: Eng ganz apaart Stëmm, déi ee wann ee se bis héieren huet, ni méi vergësst an eng vun de markantste Stëmmen aus der Rockgeschicht. Ee vun de mat beschte Songwriter, Komponisten an Texter vun eiser Zäit. Aus senger Fieder komme Songs wéi "Breakfast in America", "The Logical Song", "Dreamer" oder "School" asw. Lo kéint Dir et awer bal wëssen: Nach dee leschten Tuyau: de Roger Hodgson huet 1969 déi brittesch Rocklegend Supertramp gegrënnt. A muer kritt hie 70 Joer. Detailer mam Jean Claude Majerus.