Aktuelles
Alexa Ballmann - Presidentin vum jonken Handwierk
5 min
D'Alexa Ballmann ass Presidentin vum jonken Handwierk, enger Austauschplattform fir jonk Entrepreneuren. Donieft huet si zwee Schéinheetssalonen am Oste vum Land. Wéi de Sonndeg Owend d'Noriicht koum, datt d'Geschäfter, déi net onbedéngt mussen op sinn, zoumaache sollen, huet et missen séier goen, esou d'Alexa Ballmann. Virun allem hunn d'Cliente missen informéiert ginn, datt d'Rendez-vousen ausfalen. Donieft huet d'Personal missen informéiert ginn.
Als Comité vum jonken Handwierk hätt ee fir d'éischt emol alles an den eegene Betriber organiséiere missen. Et hätt een awer probéiert, fir d'Memberen do ze sinn, seet d'Alexa Ballmann an haut hätt een och Informatioune verschéckt.
De Moment géif et schonn Existenzängschten ënner den Entrepreneure ginn, seet d'Alexa Ballmann, et wier einfach de Moment schwéier anzeschätzen, wéini een nees eppes verdénge géif.
D'Angie Maquil féiert duerch d'Gespréich.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)