arrow_back_ios
Kultur
International Muséeën digital: de Rijksmuseum
An internationale Magasinne geet elo vill rieds iwwer virtuell Visitte vu kulturellen Institutiounen. Hir Lëscht ass entretemps zimmlech laang, esou datt d'Journalisten hire Lieser hir perséinlech Favoritten uginn. Dorënner taucht dacks den Amsterdamer Rijksmuseum op. D'Rijksmuseum-Ekipp ronderëm de Wouter van der Horst huet net eréischt gëschter ugefaangen, hir digital Méiglechkeeten auszebauen. Bei sengem Passage an den zwee Muséeë vun der Stad Lëtzebuerg huet d'Kerstin Thalau de Wouter van der Horst kennegeléiert.