Aktuelles
E Lëtzebuerger Dokter am Epizentrum vun der Corona-Kris a Frankräich
De Bob Heger ass Anesthésiste-réanimateur am Unispidol zu Stroossbuerg. Hie gehéiert zur franséischer Reserve sanitaire an ass zanter Enn Februar wéinst dem Coronavirus am Asaz. Fir d'éischt an der Regioun Oise, wou en éischte Corona-Epizentrum war. An elo erëm zu Stroosbuerg, wou vill Covid-19-Patienten aus der Regioun Mulhouse traitéiert ginn. Bei der Behandlung vun de Patiente gëtt nach vill Inconnuen, erzielt den Dokter. Mam Michèle Sinner huet hien iwwer seng Erfarungen am Ëmgank mat Covid-19-Patienten geschwat.