Kultur
D'Plaz vun der Theaterkreatioun
Den éischte Februar 1985 ass de Kapuzinertheater an der Stad no laange Renovatiounsaarbechten offiziell opgaangen. Deemools gouf awer nach vum alen Theater geschwat, eréischt 1995 krut e säin Numm Kapuzinertheater. D'Geschicht vum Haus ass awer wäit iwwer 100 Joer al. D'Urspréng vum Theater ginn an d'Joer 1869 zeréck, wéi de Prënz Hari a seng Fra Amélie den éischten Theatersall bei eis am Land ageweit hunn. Deemools haten d'Stadpäpp de franséischen Architekt Oscar Belanger beoptraagt fir d'Kapuzinerkierch an en Theater ëmzebauen. 35 Joer gëtt et de Kapuzinertheater ewell schonn, a vun deene 35 Joer war de verstuerwene Marc Olinger 25 Joer Direkter vun dësem sympatheschen Theater an der Kapuzinergaass. De Jean Claude Majerus erënnert.