Kultur
E virtuose Clown an e poetesche Chansonnier
Hien ass Museker, Chansonnier, Komiker, Acteur, Kabarettist, Clown, Melancholiker a Romantiker an enger Persoun: Vu wiem gëtt da geschwat? Et ginn net vill Kënschtler, déi dës Krittäre géifen erfëllen, mee den Herman Van Veen gehéiert awer ouni Zweiwel dozou. De multitalentéierten hollänneschen Artist huet de Weekend elo 75 Joer kritt. 1967 huet dem Hollänner seng Karriär am Tivoli zu Utrecht mat enger One-Man-Show ugefaangen an haut gehéiert hien zu de ganz Groussen ënner de Chansonnieren a Komiker. Den Hermann Van Veen huet dernieft nach en anert Talent, dat him erlaabt seng Showen a verschiddene Länner ze weisen, well hie seng Konscht a véier verschiddene Sproochen ka presentéieren, derbäi nach d'Musek als Universalsprooch. Vu sengem Kënne konnte mir eis och scho méi wéi eemol hei zu Lëtzebuerg iwwerzeegen. E Portrait vum Herman Van Veen mam Jean Claude Majerus.