Panorama
Panorama
Zu Lëtzebuerg ass d'Zuel vun Infektioune mam neiaartege Coronavirus weider geklommen, vun 38 gëschter Owend, op elo 51 Fäll
Scouten a Guidë vun der fnel bidden eeleren a vulnerabele Leit gratis Hëllef un
Franséische Gesondheetsminister warnt virum Gebrauch vum Medikament Ibuprofène an aneren anti-Inflammatoires (dorënner Cortison), wann een infizéiert ass
Ëmmer méi EU Länner maache Grenzen zou
EU Kommissioun wëllt Liwwerkette vu Liewensmëttel garantéiere fir Enkpäss a Supermarchéen ze verhënneren
No zéng neien Doudesfäll a Groussbritannie stellt d'Regierung zu London och elo verschäerfte Mesuren an Aussiicht
Syrie Krich huet zanter en ugefaangen huet (virun néng Joer) 384.000 Doudeger mat sech bruecht, dorënner iwwer 116.000 zivil Affer, sou d'ONG Syreschen Observatoire fir Mënscherechter
Am Cyclissem gouf de Klassiker Paris-Nice vum Däitschen Maximilian Schachmann gewonnen, de Lëtzebuerger Bob Jungels gëtt 15.