Kultur
Ewegkucken oder handelen: dat ass d'Fro am CNA
Kennt Dir d'Ofkierzung PFH? Am Québec steet se fir "putain de facteur humain". Gemengt ass domat, datt dem Mënsch seng Capacitéit, bei Schwieregkeeten ewech ze kucken, en negativen Afloss op d'Entwécklung vun eiser Geschicht kann hunn. De kanadeschen Astrophysiker Hubert Reeves huet decidéiert, hinzekucken an esou de PFH an e "précieux facteur humain" ze verwandelen. De Kënschtlerduo Karolina Markiewicz a Pascal Piron huet doropshin am CNA eng Installatioun mam Titel "PFH" kreéiert, déi mat béide Bedeitunge spillt. Explikatioune vum Kerstin Thalau.