Kultur
Eng klassesch Dräiecksgeschicht modern interpretéiert
Et ass schonn dat drëtt Goethe-Stéck, dat de Jean Paul Maes mam Kaleidoskop Thetaer zu Beetebuerg am Schlass inzenéiert. No "Die Leiden des Jungen Werther" a "Faust 1" ass et elo "Stella". E Stéck, dat am 18. Joerhonnert fir esou munch Opreegung gesuergt huet, e Stéck, mat deem de Goethe ugeeckt ass.
Et ass awer interessant, wéi de Metteur en scène et fäerdeg bruecht huet, dëst Goethe Stéck a seng natierlech wonnerschéi Sprooch an déi aktuell Zäit ze implantéieren. "Stella" huet den Owend Première am Beetebuerger Schlass, eng klassesch oder modern Dräiecksgeschicht.
De Jean Paul Maes mat Explikatiounen um Mikro vum Jean Claude Majerus.