arrow_back_ios
Key to Classics
Virtuos a Pedagog
Wa vu grousse Pianosvirtuosen am 19. Joerhonnert rieds geet, da fällt prompt den Numm Franz Liszt. Nieft dëser staarker Perséinlechkeet hunn aner Museker aus där Zäit et haut schwéier, hir Plaz an der Museksgeschicht ze fannen. Ee vun hinnen ass den Ignaz Moscheles, e grad esou dichtege Pianist wéi Pedagog. Ee vu senge Schüler war den Edvard Grieg. Den 10. März 1870 ass de Moscheles zu Leipzig gestuerwen.
Musek