Kultur
De Jean-Marie Biwer d'après nature
De Jean-Marie Biwer wousst schonn als Bouf, ufanks der 1960er, datt hien net just wéilt, mee misst Moler ginn. Vu datt seng Famill net där Meenung war, huet hie Lëtzebuerg de Réck gedréit an ass jorelaang duerch Europa gereest, huet a Squatte gelieft, Geleeënheetsaarbechten ugeholl, wa soss näischt do war, op de Buedem gemoolt. Zanter der 1980er lieft a schafft de Jean-Marie Biwer an der Gemeng Ëlwen. Hie gehéiert haut zu de confirméiertste Lëtzebuerger Moler. De 6. Mäerz ass de Vernissage vu senger neier Expo "d'après nature". D'Kerstin Thalau aus dem Mudam.