Kultur
Gefälscht Wourechten oder wouer Fälschungen
Mee 1994: a Frankräich gëtt de fréiere Konschtstudent a Galerist Geert Jan Jansen a sengem Schlass verhaft. D'Police entdeckt bei hirer Perquisitioun iwwer 1.600 Wierker vu Picasso, Matisse, Miró, Chagall. Alles Fälschunge vum Hollänner Geert Jan Jansen. Virun e puer Joer huet déi belsch Theatertrupp BERLIN de Fälscher perséinlech kennegeléiert. D'Membere ware begeeschtert vun der Geschicht a wollten se mam Jansen an der Haaptroll op d'Bün bréngen. D'Resultat "True copy" ass an de Rotondë presentéiert ginn. D'Kerstin Thalau mat enger Theaterkritik.