Blue Note
The Movement Revisited, Christian McBride
Déifferdenger Musekschoul organiséiert de 6. a 7. Mäerz 2020 d'Drummer Days. Um Programm, e Concours, eng Ausstellung, Workshoppen a Concerten. D'Nathalie Morettoni vun der Musekschoul war am Studio.
De Komponist a Sträichbassist Christian McBride huet beim Label Mack Avenue säin Jazz Oratorio "The Movement Revisited" ufanks Februar 2020 erausginn. An dësem monumentale Wierk fir Big Band, Chouer, Solisten a véier Erzieler geet de McBride de Spuere vun de Biergerrechter an den USA an de 60er Joren no.
Wat steet am Jazz-Concertsagenda vu Lëtzebuerg?