arrow_back_ios
Kultur
Zum Doud vum Frank Uwe Laysiepen
D'Witfra vum John Lennon, d'Yoko Ono ass dacks "déi bekanntst onbekannt Kënschtlerin" genannt ginn. Dozou gëtt et och e männleche Pendant: de Frank Uwe Laysiepen, alias Ulay, tëschent 1976 an 1988 de Liewenspartner vun der radikaler serbescher Performancekënschtlerin Marina Abramovic. Den 2. Mäerz ass den Ulay no laanger Krankheet am Alter vu 76 Joer gestuerwen. D'Kerstin Thalau huet mat der Konschthistorikerin Marita Ruiter, déi de Kënschtler 1997 als Fotograf op Lëtzebuerg invitéiert hat, iwwer den Ulay geschwat.