Aktuelles
De Roy Reding kritiséiert de Parquet - d'Justizministerin reagéiert
De Roy Reding kritiséiert, datt et hei am Land eng "politesch Justiz" géif ginn: den ADR-Deputéierten a Jurist hat d'lescht Woch op Twitter geschriwwen - Zitat - "Mir wësse jo wien decidéiert, wat klasséiert gëtt a wat net". Domat hat de Roy Reding op een RTL-Bäitrag reagéiert, an deem et geheescht hat, datt eng Rei Plaintë vum ADR-Politiker Fred Keup wéinst Aussoen op Facebook vum Parquet klasséiert gi waren.
Dem Roy Reding no hätt de Parquet eng "absolut Muecht" ouni "déi geréngste Kontroll".
Op dës Virwërf huet d'Justizministerin Sam Tanson - och op Twitter - mat däitleche Wieder reagéiert: si géif et "extrem beonrouegend" fannen, wa mat Argumenter geschafft géif ginn, déi ee vun extreme Mouvementer géif kënnen.
De Serge Kesseler huet mat béide Politiker geschwat.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)