Panorama
Panorama
Epidemie vum neie Corona Virus breet sech weider aus, och den ekonomeschen Impakt gëtt méi grouss, d'Bourse si weltwäit weider gefall
Déi geplangte Fermeture vun 11 lokale Spuerkeess-Agencë suergt fir Kritik, aacht betraffe Gemengen hunn e Bréif un d'Spuerkeess Direktioun an d'Regierung geschriwwen
De Steve Thull gëtt neie Chef d'Etat major vun der Arméi, wann den Alain Duschène am Hierscht an déi ugekënnegt Pensioun geet
Inneministesch Taina Bofferding zitt positiven Tëschebilan vun der Reform vun de Rettungsdéngschter
Lëtzebuerger Konsumenteschutz an Automobilclub kritiséiere geplangten CO2 Steier an Accisen-Haussen
Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn verurteelt Plang vun Israel fir 3.500 Wunnengen an der Zone E1 vum Westjordanland ze bauen
NATO stellt sech hannert Alliéierten Tierkei no Eskalatioun vum Konflikt tëscht Syrien an Tierkei, Griicheland huet Grenz zougemaach fir ze verhënneren, datt syresch Flüchtlinge kéinten aus der Tierkei eriwwer kommen