Kultur
Original a Kopie: de Paul Heintz huet alles um Schierm
De Paul Heintz koum 1989 zu Saint-Avold op d'Welt, huet spéider, queesch duerch Frankräich, Beaux-Arts plus Film studéiert. Mëttlerweil huet hie sech als Installatiouns-Kënschtler zu Paräis installéiert. Zu Lëtzebuerg ass hien eng éischte Kéier 2017 op der Triennale jeune création an de Rotonden opgefall. A senger Aarbecht "The factory" hat hie sech deemools zeechneresch mam "Dafen Oil Painting Village" a China auserneegesat, dee fir seng Konscht-Kopien-Produktioun bekannt ass. Elo presentéiert de Paul Heintz och nach e Film zum Theema. Explikatioune vum Kerstin Thalau.