Kultur
Ass am CAPE "zero panorama"?
Mat knapps 30 huet den amerikanesche Moler a Land-Art-Kënschtler Robert Smithson am Joer 1967 en Tour duerch seng Gebuertsstad Passaic, am New Jersey, gemaach. Him sinn all déi "ruins in reverse", also Ruinen hannerzech, opgefall: Chantiere, bei deenen een net versteet, gëtt hei gebaut oder verfält eppes. "Zero panorama" huet hie säin Text zu dësem Sujet genannt. Béides huet den Escher Kënschtler Serge Ecker, Joergang 1982, esou markéiert, datt hie seng aktuell Expo mat "zero panorama" iwwerschriwwen huet. D'Kerstin Thalau war an de CAPE zu Ettelbréck kucken.