Invité:e vum Dag
Claudia Monti
Den Ombudsman huet sech am Joer 2018 mat 331 recevabelen Demandë vu Bierger befaasst, déi e Problem mat enger staatlecher oder kommunaler Verwaltung haten. An dräi Véierels vun de Fäll hätt si, no hirer Interventioun, och ganz oder deelweis Satisfaktioun kritt, sot d'Mediatrice bei der Presentatioun vum Rapport iwwer dat virlescht Joer. Et sinn iwwer d'Joren ëmmer erëm déi selwecht Verwaltungen, déi concernéiert sinn. Si géife ganz ënnerschiddlech op hir Froen a Suggestioune reagéieren: eenzeler wäre ganz flexibel an zevirkommend, anerer hätten dogéint d'Tendenz stuer ze bleiwen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.