arrow_back_ios
Kultur
De Rémy Laporte mécht Dieren op
Eng vun den Haaptmissioune vun de Rotonden ass et Nowuesstalenter eng Plattform ze bidden a si esou ze fërderen. Am Beräich vun der plastescher Konscht zum Beispill mat der Triennale jeune création. Enn Juni ass déi fënneft Triennale a fir dat elo schonn ze feiere presentéiert d'Ekipp vun de Rotondë verschidde fréier Participante mat neien Aarbechten. Zum Beispill den Nanzeger Rémy Laporte, deen am Cube nieft der Buvette ausstellt. D'Kerstin Thalau war seng Installatioun kucken.