Aktuelles
Reform vum Loyersgesetz
Ee Locataire klot den Ament viru Geriicht géint säi Proprietär wéinst engem - senger Meenung no - ze héije Loyerspräis. Hannergrond ass déi sougenannt fënnef Prozent Reegel. Parallel dozou wëllt d'Regierung dat entspriechend Loyersgesetz iwwerschaffe fir d'Entwécklung vun de Loyerspräisser besser ze kontrolléieren. Piste si fir den Ament méi Transparenz am Kontrakt tëschent Locataire a Proprietär an eng Professionaliséierung vun de sougenannte Mietkommissiounen. Hannergrënn vum Françoise Keller.