arrow_back_ios
Kultur
Handaarbecht an der Cecil's Box
D'Cecil's Box, also d'Ausstellungsvitrine vum Cercle Cité, déi an d'Paschtoueschgaass kuckt, ass Iech e Begrëff, oder? Ma, wann Dir den Ament do laanschtkommt, wénkt Iech eng Hand. Oder méi prezis: an der Box hänkt eng faarweg Foto vun enger Handfläch. En Zeeche fir e Grouss? Fir eng Warnung? D'Kerstin Thalau huet sech mam zoustännege Kënschtler, de Metzer Marc Buchy, am Handliese geüübt.