Kultur
D'Marina Smorodinova verdeelt Stärestëbs an de Rotonden
D'Kënschtlerin Marina Smorodinova, Joergang 1988, lieft a schafft zu Metz an zu Paräis. Déi gebierteg Russin war 2017 fir d'Triennale de la jeune création an de Rotonde selektionéiert ginn. Fir hir Foto-Audio-Installatioun war si am Virfeld der Fro nogaangen, wéi d'Mënsche weltwäit hire Rapport zu hirer Stad gesinn. Sozial Interaktioune si bis haut e wichtege Sujet fir d'Kënschtlerin. Als eng Aart Prolog fir déi fënneft Triennale de la jeune création presentéiert d'Marina Smorodinova aktuell de Video "Du corps et du ciel" an der Buvette vun de Rotonden. D'Kerstin Thalau mat Explikatiounen.