Panorama
Panorama
De Chômagetaux louch am Januar bei 5 an engem halwe Prozent.
D'Post hätt anescht mat hirer Datefuite missen ëmgoen, fënnt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, duerch deen de Leak ëffentlech gi war.
Handelsermächtegunge fir Betriber sollen an Zukunft däitlech méi séier kënnen ausgestallt ginn. De Mëttelstandsminister Lex Delles huet eng Rei Ännerunge presentéiert.
Déi nei Gesondheetsministesch weist sech diskussiounsbereet, wat méi héich Zigarette-Präisser hei am Land ugeet.
Ee vun de Päpp vun der Lëtzebuerger Medielandschaft ass dout. De Gust Graas ass am Alter vu 95 Joer gestuerwen.
Schéissereie mat 11 Doudegen zu Hanau an Hessen hate wuel rietsradikalen Hannergrond.
Dout vum renomméierte Journalist a Schrëftsteller, Jean Daniel, am Alter vun 99 Joer a Frankräich.