Kultur
D'Julie Wagener huet d'Isolatioun isoléiert
D'Julie Wagener koum 1990 an der kolumbianescher Haaptstad Bogota op d'Welt, huet, no hirer Kandheet a Jugend zu Lëtzebuerg, zu Bréissel Illustratioun a plastesch Konscht studéiert. Mëttlerweil huet si sech mat hiren deels mysteriéisen, deels makaberen oder mythologeschen Illustratiounen am Grand-Duché en Numm gemaach. Dowéinst freet et d'Julie Wagener, wa si vun Zäit zu Zäit als Kënschtlerin a Molerin invitéiert gëtt. Zum Beispill an d'Galerie Nei Liicht zu Diddeleng. D'Kerstin Thalau war hir aktuell Expo "Spheres of Silence" kucken.